Ei, ei, ei?! - d'Ee oder d'Hong, wat koum als éischt? - ANNULÉIERT Date de création 22.09.2020 09.02.2020 15:00 Catégorie test echternach Agora Téléphone +352 26 72 39-500 (Mo-Fr: 13-17 Uhr) D'Veranstaltung "Ei, Ei, Ei?!" den 09.02.2020 huet leider missten aus organisatoreschen Grënn ofgesot ginn. Scho kaaften Ticket'en gi bei de jeeweilege Virverkafsplaze rembourséiert. Fir Kanner ab 8 Joer (Cycles 3 & 4) Wat koum fir d’éischt: d’Ee oder d’Hong? Op dës Fro versicht dat klengt Clémentine eng Äntwert ze fannen. Säi Virwëlz bréngt hatt an der Bomi hiren Héngerstall. Do entdeckt hatt den Henry, d’Chica Loca, d’Elizabeth an d’Madeleine, mee net d’Äntwert op seng Fro. Net schlëmm! D’Clémentine fuerscht monter weider a stéisst op vill Spannendes, dat hatt iwwer d’Joren zu enger eenzegaarteger Sammlung zesummendréit. E poetescht an humorvollt Stéck iwwert d’Wichtegkeet, am Liewe Froen ze stellen.Iddi a Spill: Luisa BevilacquaRegie: Linda Bonvini Luuchten: Nico Tremblay Produktioun an Diffusioun: Rotondes Luxembourg 35 Min. + 10 Min. Gespréich mat den Artisten no der Presentatioun Lëtzebuergesch Koproduktioun mat: Source: TRIFOLION