Mega Béis Date de création 04.02.2021 20.02.2021 14:30 Catégorie Cultural Téléphone Fir Kanner vun 6 – 12 Joer Et wäert een dach wuel nach dierfe béis ginn!? Wat ass béis, wat mécht den Ierger mat engem, an deet Roserei net heiansdo och gutt? Wat bleift wann d’Roserei vergeet? Wou geet si hin? A wéi rosen ass eigentlech eng Spann? An engem humoristesch-poetesch-absurden Theaterstéck fir Kanner tëschent 6 an 12 Joer maache sech de Sänger Jean Bermes an d’Schauspillerin Julie Kieffer mat vill Musek a béis vill Witz op d’Sich no der Roserei. Si si bescht Frënn, vertraue sech blann, kënnen awer heiansdo richteg rose matenee sinn – oder iwwereneen, niewentenee, ënnereneen, ouni eneen, wéinst eneen, duercherneen... Zesumme mam jonke Publikum erfuerschen se spilleresch, voll rosener Musek a gedanztem Ierger, dës Gefillswelt, déi vill ze oft mëssuecht gëtt, awer dach esou authentesch a wichteg fir d’Kanner an och d’Erwuessener ass. Mat engem flotte verännerbarem Bünebild, flexibele Requisiten, villen Instrumenter a verstoppten Iwwerraschunge gëtt gewisen, datt ee wuel nach dierf a soll béis ginn. Besetzung:Jean Bermes, Julie Kieffer – SpillFlorian Hackspiel – Inszenéierung, Text Nikola Jeremic – KompositiounThomas Mörschbacher - Bün, KostümEla Baumann – DramaturgieKrischan Kriesten – LuuchtBetsy Dentzer – IwwersetzungMilla Trausch - Bléck Vu BaussenProduktioun: Eng Koproduktioun vun der Kompagnie Kopla Bunz, Theater Melone Innsbruck, Rotondes an Cape - Centre Des Arts Pluriels Ettelbruck 50 Min. ouni Paus Lëtzebuergesch Source: TRIFOLION