Makadammen - Alles FÉIK...oder wat??? Date de création 19.11.2020 10.05.2019 20:00 Catégorie Cultural Téléphone Wat géife munnech Leit net alles maachen, fir e bekannte Star ze ginn? Dobäi muss et net gläich en internationale Star sinn, neen, och e Star hei zu Lëtzebuerg wier am Ufank schonn net schlecht. Sou hu sech och puer Frëndinne geduecht a sech spontan op e Casting gemellt, fir hire groussen Dram z’erfëllen an an enger lëtzebuergescher Tëleeproduktioun däerfe matzespillen. Vu mentalem Striptease iwwert eng Moundlandung bis zur Zréckentwécklung zu engem Embryo, alles musse si iwwert sech ergoe loossen. Gi si an där Welt op, oder friesse si alles a sech eran, nëmme fir d’Roll vum Liewen ze kréien? Oder ass et dach eng Welt wou alles nëmme Féik ass???? Makadammen: Théa Engel, Susy Lentz, Monique Mille, Maggy Molitor Musek a musikalesch Begleedung: Netty GlesenerTexter: Roland Gelhausen, Josiane Kartheiser, Maggy MolitorRegie: Jacqueline Posing-van DyckDekor: Christian KleinKostümer: Christian Klein an Yvette EngelAffiche a Fotoen: Pitt BeckerBeliichtung an Technik: On Stage Light 90 Min + 20 Min. Pause Lëtzebuergesch Source: TRIFOLION