Evènement

Alles Informatioun oder wat? Webtools fir sech online z’orientéieren

Date de création
Catégorie
Téléphone
Fir sech eng Meenung ze bilden zu aktuellen Themen, mécht een sech op d'Sich no Informatiounen an Argumenter. Oft ass et allerdéngs net einfach, zouverlässeg Fakten ze fannen oder op Meenungen ze stoussen, déi senger eegener widderspriechen. Schold doru sinn ënner anerem Fake News, Verschwierungstheorien oder Filterblosen.

Aus dësem Grond huet den Zentrum fir politesch Bildung zwee Webtools entwéckelt, déi op der Sich no Informatiounen an Argumenter Orientéierung bidden. An dëser Weiderbildung fir Enseignants aus dem Secondaire (vum IFEN unerkannt) ginn d’Webtools propaganda.guide an filterbubble.lu virgestallt a Weeër gewisen, wéi ee se an der Schoulklass asetze kann.

Referent: Romain Schroeder (Zentrum fir politesch Bildung)

120 Min.

 Lëtzebuergesch

An Zesummenarbecht mat: