D’Jangen hu si all gären, ob Bebbchen, dem Wibbelwäppchen, ob Eulali, sou ganz Dirlititti, ob Manila, der exoteschster Fra oder Ugénie, och dat vergiessen d’Jangen ni!
Am Museks- a Kleedungstil vun den onvergiesslechen Comedian Harmonists, mat Arrangementer vu Jean-Marie Kieffer a Georges Urwald, entféiert de Gejangsquintett seng Nolauschterer an d’Lëtzebuerg vun den 1920er Joren, mat Texter a Melodien vu Spëtzbouwe wéi Poutty Stein, Louis Petit, Pierli Housse oder Jempy Welter.
Et sangen a spillen:
Raymond Majerus - 1. Tenouer
Arend Herold - 2. Tenouer
Georges Urwald - 3. Tenouer
Carlo Migy - 1. Bass
Jean-Marie Kieffer - 2. Bass
Christophe Nanquette - Piano
Lëtzebuergesch
120 Min. + 20 Min. Paus
Source: TRIFOLION