Evènement

ScHmIT HAPPENS 2018 - Let's hopp!!! - AUSVERKAAFT

Date de création
Catégorie
Atrium
Téléphone
+352 26 72 39-500 (Mo–Fr: 13–17 Uhr)
Och am Joer vun de Chamberwalen, nom Joer vun der Gemengewalen a virum Joer vun den Europawalen, wäerten de Marc Schmit a säin Alter Ego, den Hoppen Théid erëm esou munch Spiichten z´erzielen hunn. Wéi gewinnt geet et an der Show, déi elo schonn an déi 6te Saison geet, awer bei wäitem net nëmmen ëm Politik, mä och déi grouss a kleng Suergen vun de Leit gi mat vill Humor op d´Schëpp geholl. A wie soll nom Grand-Duc, dem Asselborns Jang, der Madame Pöjemöpp, dem Gaston Vogel a villen aneren, déi an de leschte Joren zu Mamer op der Bühn defiléiert sinn, bei der 6ter Editioun vum Marc Schmit imitéiert ginn? Loosst Iech iwwerraschen!

90 Min. | ouni Paus

Lëtzebuergesch

Koproduktion:
Marc Schmit